Resumé vun eisem Programm 2017

D’Gemeng entwéckelt sech an Är Equipe suergt dofir, datt d’Richtung stëmmt!
An der Lokalpolitik muss ee pragmatesch bleiwen an et fäerdegbréngen, sech de Realitéiten an den techneschen Entwécklungen unzepassen.
Et muss ee virun allem d’Suerge vun den Awunner an hir Virschléi kennen, ier een Decisiounen hëlt. Dat hu mir ëmmer gemaach an dat maache mir och an Zukunft esou. Interesse vun der Gemeng a vun den Awunner si fir eis éischt Prioritéit.
De Plan d’aménagement général (PAG) informéiert iwwer déi grouss Linne vun der urbanistescher Entwécklung vun enger Gemeng.
Den Är Equipe-CSV Schäfferot huet en neie PAG ausgeschafft. No de Gemengerotswahle muss de Schäffen- a Gemengerot dëse Plang entweder änneren oder e kann en esou, wéi en elo virleit, ëmsetzen. A béide Fäll muss d’Bevëlkerung informéiert an ëm hir Meenung gefrot ginn.
Fir Är Equipe steet d’Liewensqualitéit vun den Awunner un éischter Plaz.
D’Schoul, d’Maison relais an d’Crèchen, d’Sportsinfrastruktur, genee wéi d’Infrastrukturen, déi fir dat soziaalt a kulturellt Liewen néideg sinn, déi renovéiert ‘Al Schoul’ oder de ‘Wirtspesch’ brauche mir onbedéngt, fir déi spéider Entwécklung vun der Gemeng.
Är Equipe trëtt fir eng harmonesch Entwécklung vun eisen zwou Uertschaften an, ouni sech awer géint d’Schafe vu Wunnengen ze wieren, och wann dat eng Verdichtung vun de Wunnzone mat sech bréngt.
Är Equipe wäert dofir suergen, datt déi historesch, kulturell, touristesch an ökologesch Wäerter an eiser Gemeng respektéiert ginn. Mir probéieren alles, fir akzeptabel Léisunge fir de Verkéier an d’Mobilité douce ze fannen an eng rationell Notzung vun den ëffentlechen Ariichtungen ze garantéieren.

Mir wëllen an deenen zwou Uertschafte kommerziell Aktivitéiten an Déngschtleeschtunge bereetstellen. Den aktuellen PAG gesäit vir, d’Tankstellen aus den Uertschaften ze delokaliséieren a lokal Geschäfter ze plangen.

Nei Lotissementer an deenen zwou Uertschafte wäerten d’Awunnerzuel an der Gemeng erhéijen.

Et ass fir eis wichteg, op esou Erausfuerderungen, déi richteg Äntwerten ze fannen. Mir wäerten duerfir suergen, datt d’Awunner voll a ganz an d’Diskussioun vum Plan d’aménagement général (PAG) mat agebonne ginn. Mir stellen en Investitiounsprogramm op d’Been, deen eis Prioritéiten a Finanzmëttel kloerstellt.
Zu Koplescht maache mir aus dem ‘Wirtspesch’ an der ‘Aler Schoul’ en Treff, also eng Plaz, wou Jonk an Al, egal vu wéi enger Nationalitéit, sech kenneléieren a begéine kënnen. Do kéint een eng ‘Wirtsstuff’ an eng Epicerie ariichten, déi besonnesch fir déi eeler Leit nëtzlech wier. Mir kucken, op een en Dagesfoyer op dëser Plaz plange kéint.

De ‘Wirtspesch’ gëtt renovéiert an esou ageriicht, dat do nei Servicer Plaz fannen. De grousse Sall gëtt als neie Festsall ausgebaut. An de Säll um éischte Stack kënne Coursen organiséiert ginn oder si stinn de lokale Veräiner als Versammlungssäll zur Verfügung.
Eng nei technesch Hal huet fir eis absolut Prioritéit. Do sinn dann all d’Aktivitéite vum technesche Service regruppéiert. Doduerch gëtt d’Effikassitéit vun deem Service méi grouss, well en net méi an der ganzer Gemeng verspreet ass. Den Terrain fir déi Hal ass scho kaaft (Compromis de Vente).
De Kierfecht zu Koplescht muss an d’Rei gesat ginn, genee wéi déi sëlleche Pied a Spadséierweeër, z. B. laanscht d’Mamer oder tëscht eisen zwou Uertschaften.

Um Briddel muss den Zentrum vun der Uertschaft nei geplangt ginn. Dat ass fir eis eng Prioritéit. Egal wou d’Bensinsstatiounen hikommen, Är Equipe wäert alles maachen, fir datt Geschäfter am Zentrum entstinn.
D’Gemeng huet viru kuerzem mam Bau vun enger neier Sportshal ugefaangen. Déi Hal ass an éischter Linn fir eis Schoul do, mä och fir lokal Veräiner, wéi z. B. den Dëschtennisveräin. D’Vestiairë kennen och vum Tennisclub genotzt ginn, deen direkt bei der neier Sportshal leit.

Mat der Crèche, der Maison relais an der Schoul entsteet op deem Site e richtege Schoul Campus. Verschidden Deeler vun de Stroosse gi fir de Verkéier gespaart an esou méi sécher gemaach. An engems ass doduerch manner Kaméidi am Schoulquartier.
Är Equipe wëllt op dësem Campus eng nei Maison relais bauen, resp. déi bestoend Maison relais an d’Primärschoul vergréisseren, déi esou nei Säll derbäi kréich. Den Terrain dofir gouf Ufank vum Joer kaf.

An de leschte Jore gouf aus dem Schoulhaff an der Plaz dernieft eng Spillplaz gemaach, wou d’Kanner, och wa keng Schoul ass, spille kënnen. Soll dës Spillplaz duerch en Zonk zougemaach ginn? Do ginn d’Meenungen ausenaner.

Är Equipe schléit vir, dat doriwwer mat der Bevëlkerung diskutéiert gëtt, ënnert der Leedung vun enger neutraler Instanz. De Gemengerot soll dann iwwer d’Konklusioune befannen.

De Statut vun eise Kierche läit fest: si bleiwe Proprietéit vun der Gemeng. Op d’Bedreiwe vun der Gemeng gouf d’Briddeler Kierch als Monument national klasséiert. Déi néideg Renovatioune mussen elo gläich ufänken, och déi vum Parvis virun der Kierch. Den neie Statut erlaabt et, méi staatlech Hëllefen ze kréien an d’Aarbechte kënne méi séier ulafen.

Déi nei Plaz fir de Scoutschalet war e richtege Succès. Elo muss de Wee bis bei den Home an d’Rei gemaach a Parkplaze gebaut ginn.

Fir genuch Drénkwaasser ass gesuergt. Den 23. Mee 2017 goufen, direkt beim Waassertuerm, zwee nei Waasserbassengen ageweit. Domadder ass d’Infrastruktur vun eiser Waasserversuergung a vun der Eliminatioun vum Schmotzwaasser komplett um neiste Stand. D’Gemeng ass elo gutt equipéiert, an d’Installatioune kënnen ouni ze grouss Käschten ausgebaut ginn, wann dat néideg gëtt.