Är Kandidaten 2017

Romain Adam

Buergermeeschter

“Och wann ech kee Burgermeeschter- oder Schäffenamt méi unhuele wäert, wëll ech fir Kontinuitéit an Är Equipe suergen, si mat menger Erfahrung ënnerstëtzen an déi grouss kommunalpolitesch Froen am Dialog mat de Leit beäntweren.“

De Romain Adam ass Affekot. Hien ass bestuet an huet zwee Kanner. 1999 gouf hien direkt mat engem schéine perséinleche Resultat an de Gemengerot gewielt...

2005 gouf hie Schäffen, verantwortlech fir d‘Finanzen a war President vun der Finanzkommissioun. Seng Kenntnisser am Droit ware méi wéi eng Kéier wichteg fir d’Gemeng. Am Januar 2010 huet hien de Guy Linster als Buergermeeschter ofgeléist a bei den Gemengenwahlen 2011 ass hien als éischtgewielte Kandidat als Buergermeeschter confirméiert ginn. De Romain Adam huet sech an all deene Jore vill ëm d’Entwécklung vun der Gemeng gekëmmert.

Luz Arenas

Economistin

“Ech léiere Lëtzebuergesch, fir meng Matbierger besser ze verstoen a mech méi intensiv fir eis Gemeng kënnen anzesetzen.”

D’Luz Arenas ass Economistin a wunnt zënter 2002 zu Lëtzebuerg an zënter 2007 um Briddel. Si war Member vun der Integratiounskommissioun vun 2011 un an ass Presidentin vun där Kommissioun zënter leschtem Joer...

Si huet ee Jong an der Primärschoul, gebuer 2010 zu Lëtzebuerg. D’Luz ass Spezialistin an der Gestioun vun internationale Projeten. Fir si sinn den nohaltegen Developpement, d‘Ecologie an de Schutz vun der natierlecher Ëmwelt an der Gemeng sou wéi déi sozial a kulturell Wäerter d’Basis vun all Integratiounsprojet. Dofir setzt si sech an, fir e méi oppent, responsabelt Zesummeliewen an Zesummeschaffen an eiser Gemeng.

René Buchette

Eisebunner (an der Pensioun)

“Mir ass et immens wichteg, datt de Jugendsport weiderhi gefërdert an d’Infrastrukturen ausgebaut ginn.”

De René Buchette ass bestuet an huet zwee erwuesse Kanner. Hien ass staark um Futtball interesséiert. Hien huet bal 40 Joer selwer gespillt a war 22 Joer laang Arbitter...

Zënter 11 Joer ass hie President vum lokale Futtballclub FC Kopstal 33 a probéiert, eis Jugend fir den aktive Sport ze gewannen. Hien ass scho laang un der Gemengepolitik interesséiert. Zënter 2000 ass hie Member vun der Sportskommissioun. Hie war et, dee beim Schäfferot drop bestanen huet, d’Futtballslokal, d’Duschen an d’Toiletten erëm an d’Rei ze bréngen. Mä méi wichteg: et war seng Iddi, zu Koplescht ee klenge syntheteschen Trainingsterrain z’installéieren, fir d’Jugend aus eiser Gemeng. Hien ass am Verwaltungsrot vun der Eisebunnergewerkschaft  FNCTTFEL.

Laura Da Silva

Infirmière

‘’De Mënsch steet fir mech am Mëttelpunkt an dofir engagéieren ech mech fir d’Wuelbefanne vun de Senioren a vun de Jugendlechen, sou wéi fir d’Integratioun vu Kanner mat Léierschwieregkeeten an der Schoul.’’

D’Laura Da Silva ass Infirmière, Mamm vun dräi Kanner, bestuet an eng engagéiert Matbiergerin. Zënter 1996 wunnt d’Laura um Briddel an engagéiert sech zënter Jore fir d’Allgemengheet. Si ass aktiv an der Chancëgläichheets- an Integratiounskommissioun...

Duerch hire Multilinguismus ass si ganz no bei de Leit a ka gutt nolauschteren. D’Laura schafft aktuell am CHL, wou si zréckkucke kann op eng laangjäreg Erfahrung als Infirmière an de Servicer vun der Oncologie, der Reanimatioun a vum Enseignement clinique, sou wéi der Fuerschung. Hëllt d’Laura Da Silva sech enger Saach un, mécht si dat ëmmer mat Häerz, Verstand a vollem Asaz.

Sarah Diederich

Studentin

„Ech setzen op eng verbessert medial Kommunikatioun tëschend der Gemeng an de Bierger, fir eng besser Informatiounspolitik ze bedreiwen, bäi där och déi sozial Medie verstäerkt berécksiichtegt solle ginn.“

D’Sarah Diederich ass virun zwee Joer mat hirer Mamm op de Briddel geplënnert. Si war am Lycée des Garçons Luxembourg a studéiert elo parallel International Ekonomie, Rhetorik a Mediewëssenschaft zu Tübingen (DE)...

Dernieft ass d’Sarah elo dat zweet Joer Vizepresidentin vun der JSL (Jonk Sozialiste Lëtzebuerg). D’Sarah war schonn ëmmer e kommunikative Mënsch a schreift un engem journalistesche Blog vun der Asbl Association Narin mat. D’Sarah bréngt virun allem nei Iddien an e frësche Wand mat an Är Equipe.

Thilly Ecker-Goedert

Privatbeamtin ACL (an der Pensioun)

“Ech hunn de Wandel vun der Gemeng materlieft a setze mech dowéinst dofir an, datt aus eiser Gemeng keng Schlofgemeng gëtt.”

D’Thilly Ecker-Goedert ass Mamm vun zwee erwuessene Kanner a Boma vu véier Enkelkanner. Si wunnt zu Koplescht an ass och do an d‘Schoul gaangen. Duerno koum si an de Meedercherslycée an der Stad. D’Thilly Ecker huet materlieft, wéi Koplescht gewuess ass an de Briddel ëmmer méi grouss gouf...

Si ka vun der Zäit erzielen, wéi am Duerf d’Geschäfter nach en Treffpunkt fir d’Nopere waren a wéi d’Liewen an der Gemeng sech lues a lues verännert huet. D’Thilly Ecker ass gewinnt z‘organiséieren, Verantwortung z’iwwerhuelen an op d’Interessen an d’Suerge vun de Leit anzegoen. Si huet dat op hirer Aarbecht am Automobilsclub geléiert, wou si 38 Joer Joer laang geschafft huet, dovunner 15 Joer als Cheffin vun der Reesagence vum ACL. D’Thilly ass zënter 2011 am Gemengerot fir Är Equipe.

Jacques Ewen

Eisebunner

“D’Verkéiersplanung an eisen 2 Duerchgangsstroosse muss dem Konzept vun der ‘mobilité douce’ Rechnung droen, an déi een Deel Busspur op der Haaptstrooss integréiert ass.“

De Jacques Ewen huet seng Kandheet um Briddel verbruecht a wunnt elo zu Koplescht. Als fréiere Futtballspiller läit him de Sport an domadder d‘Veräinsliewe besonnesch um Häerz: nëmmen duerch aktiv Veräiner kann en Zesummenhalt an der Bevëlkerung entstoen...

Senger Meenung no huet d‘Belästegung vun den Awunner duerch de Kaméidi an d‘Ofgase vum Trafic d‘Grenz vun deem, wat z‘erdroen ass, erreecht. Zesumme mat alle Bierger muss d‘Gemengeverwaltung sech weider dofir asetzen, fir eng akzeptabel Léisung durchzesetzen. D’Virschléi leien zënter Joren um Dësch, mä den zoustännege Minister blockéiert se.

Roger Hamen

Conseiller artistique

“Mat menge Relatiounen an der nationaler an internationaler Kulturzeen wäert ech mech fir eng dynamesch Kulturpolitik an der Gemeng asetzen.“

De Roger Hamen ass zënter Joren an nach ëmmer an der Musekszeen aktiv, haaptsächlech am Beräich Rock, Pop an Jazz. D’Jugendaarbecht an deenen Domainë si fir hien enorm wichteg...

Hien ass wiesentlech un der nationaler Unerkennung a Verbreedung vun där Musek a war un der Realisatioun vun der Rockhal zu Esch-Belval bedeelegt, wou  hien  als  éischten  Direkter  geschafft huet, ier hien Attaché  am  Centre  de  Ressources  vun der Rockhal gouf. De Roger Hamen wunnt zënter 1985 um Briddel, ass bestuet an huet zwee Jongen. Hien ass President vun der lokaler Kulturkommissioun a Member vun der Sportskomissioun, President vun der nationaler Fête de la Musique a.s.b.l., Member vum Verwaltungsrot vum Luxembourg City Tourist Office a vum Verwaltungsrot vum Mierscher Kulturhaus.

Hendrik Kühne

Responsabel vun engem groupement industriel zu Lëtzebuerg

“Als Papp ass mir eis Jugend immens wichteg. Dofir engagéieren ech mech an der Gemeng fir eng efficace Jugendaarbecht.”

Den Hendrik Kühne war bestuet an huet ee Kand. Hie war aacht Joer al, wéi seng Elteren op de Briddel geplënnert sinn. Hie war bei eis an der Gemeng an der Schoul, huet seng Première am Lycée Michel Rodange gemaacht, ...

…fir duerno seng Studien als Diplom-Politolog ofzeschléissen, wou hie sech ë. a. op Ëmweltpolitik spezialiseiert hat. Hien huet, zum Deel am Optrag vun der Lëtzebuerger Regierung, am Ausland, ë. a. an der Entwécklungshëllef, geschafft. Et ass also net verwonnerlech, datt den Hendrik déi lescht Joren d’Verkéiers- an Ëmweltkommissioun geleet an an der Finanzkommissioun matgeschafft huet. Den Hendrik Kühne bréngt Asaz a Wësse mat, wat mer an der Gemeng onbedéngt brauchen.

Maria Scheppach

Juristin, Docteur en Droit

“Gemengepolitik ass fir mech: nolauschteren, froen, analyséieren, Entscheedunge fannen a Responsabilitéit iwwerhuelen. Dofir sinn ech och bereet, manner populär Entscheedungen zum Wuel vun der Gemeng ze treffen.”

D’Maria Scheppach wunnt zënter 1998 um Briddel an huet 2 Kanner, déi an eiser Gemeng an d’Schoul gaange sinn. Si huet Droit studéiert, war am Barreau ageschriwwen a schafft elo als Direktesch vu verschidde Societéiten, déi an erneierbar Energien investéieren...

D’Maria huet sech scho laang fir d’Liewen an der Gemeng engagéiert an huet als Member vu Kommissiounen, ë. a. an der Schoulkommissioun an der Bautenkommissioun, matgeschafft. Si war 10 Joer Sekretärin am Verwaltungsrot vun der Crèche Botterblum an ass Vize-Presidentin an der Associatioun Koplescht – fréier an hott, déi d’Geschicht vu eiser Gemeng beliicht. Zënter Ufank 2016 ass si als Member an den Gemengerot nogeréckelt an huet sech gutt an d’Dossieren erageschafft.

Patrick Thill

Ingenieur industriel am Asset Management vun der CREOS

“Ech si scho laang Joren an der Baute- wéi an der Ëmwelt-/Verkéierskommissioun engagéiert, an denken, datt meng technesch Kompetenzen och soss an der Gemeng vun Notze kënne sinn.”

De Patrick Thill ass vum Briddel. Hien ass bestuet an huet dräi Kanner. Säi Beruff bréngt et mat sech, datt hien eis a villen technesche Problemer berode kann...

De Patrick Thill huet schonn als Bouf geléiert, wéi wichteg et ass, sech fir d’Gemengepolitik anzesetzen: säi Papp huet vun Ufank un  an Är Equipe matgeschafft a war e puer Joer laang Member vum Gemengerot. De Patrick Thill kënnt aus enger aler kopleschter Famill an hie kennt d’Entwécklung vun eisen zwou Uertschafte ganz genee. Dëst Wëssen a seng Verbonnenheet mam Briddel a Koplescht si fir eis wichteg.