D’Schwéierpunkte vun eisem Programm 2017

The PAG: balanced development and a better quality of life
 

Eis Uertschafte solle sech harmonesch entwéckelen an d’Wunnenge sollen nach ze bezuele sinn: wéi kann een dat maachen? Dat ass eng kruzial Fro, déi sech an eiser Gemeng, wéi och am ganze Land stellt.

Fir dat fäerdegzebréngen, ass de Plan d’aménagement général (PAG) besonnesch wichteg. Dëse Plang leet d’Entwécklung vun deene verschiddenen Deeler vun enger Uertschaft fest. Do geet et drëm, wéi vill Wunnengen um Hektar däerfe gebaut ginn, awer och ëm d’Aspekter vun den ëffentleche Plazen, der Mobilitéit an dem Respekt vun der Ëmwelt.

Déi zwou, jo souguer déi dräi lescht Majoritéiten am Gemengerot hate mat enger Reglementatioun ze dinn, déi zënter dem Joer 2000 méi wéi eng Kéier vun de Regierungen ofgeännert gouf. Du koum den IVL, duerno d’Plans sectoriels, déi all Kéier laang diskutéiert gouwen, fir uschléissend fale gelooss ze ginn – an déi elo nees diskutéiert ginn.
Um Gemengeplang koumen d’Aarbechten fir de PAG net virun, well d’Legislatioun an d’Basisprinzipie vun deem neie Plang ëmmer erëm geännert goufen.
Esouwuel an der Koalitioun mat de Gréngen (2005-11), wéi mat der CSV (2011-2017), hunn déi verantwortlech Leit vun Är Equipe vill un deem Dossier geschafft, zesumme mat Urbaniste-Büroen, déi scho vun der Majoritéit DP-CSV (1999-2005) engagéiert goufen.

Déi zwou Uertschafte leien a sougenannten Natura 2000 Zonen. Doduerch goufe Studien um Niveau vun den ekologesche Biotopen néideg, fir datt de Liewensraum vu verschiddenen Aarten – virun allem vun de Chiropteren, also vun de Fliedermais – geschützt géif.
Dës Studien hu vill Zäit kascht, mä waren néideg, fir gewuer ze ginn, wou méi dicht kënnt gebaut oder Perimetere kéinten erweidert ginn.
D’Aarbechte fir de PAG si fäerdeg, sou datt de Projet den Awunner kéint offiziell virgestallt a Reklamatiounen dogéint agereecht ginn, ier en dem Minister fir Approbatioun virgeluecht gëtt an de Gemengerot doriwwer befënnt.

Dës Koalitioun huet awer decidéiert, déi Prozedur net virun de Wahlen an d’Weeër ze leeden: si wollt kee Fait Accompli schafen: et ass um nächste Schäffen- a Gemengerot dëse Projet bei den Awunner an den Autoritéiten ze veräntwerten. Dës Koalitioun wollt déi Diskussioun net an d’Wahlcampagne eranzéien.
Dofir huet de Schäfferot beschloss, d’Resultat vun de Gemengewahlen ofzewaarden an et esou den nächste Verantwortlechen z’iwwerloossen, d’Prozeduren ulafen ze loossen op Grond vun den Viraarbechten, wa si déi da kohärent fannen, oder eben Ännerunge virzeschloen, ier d’Schlussprozeduren ulafen.
Déi gewielte Membere vun Är Equipe hu vill um Projet vun engem neie PAG geschafft a si wäerten déi grouss Prinzipie vun dem Projet, deen elo virleit, verdeedegen, och wa gewësse Froen, déi vu verschiddene Staatsverwaltungen ofhänken, nach net geléist sinn, sou wéi déi verantwortlech Leit um lokale Plang dat gehofft haten, – dat ass d‘Mobilitéit, d’Gestaltung vum Zentrum um Briddel, nei méiglech Plaze fir Tankstellen – fir nëmmen déi ze nennen.

D’urbanistesch Entwécklung vun eisen zwou Uertschafte bleift deemno an der nächster Legislaturperiod en däregen Dossier: engersäits ass déi kommunal Autonomie staark ageschränkt, anerersäits hänke grouss Projeten dovunner of, ob d‘Proprietäre resp. d’Promoteuren um selwechte Strang zéien; fir si si Spekulatioun a Benefice méi wichteg, wéi eng harmonesch Entwécklung an d’Liewensqualitéit an der Gemeng.
Am legale Kader vun de leschte Joren hunn déi Verantwortlech vun Är Equipe a besonnesch hir Buergermeeschteren ëmmer probéiert, d’Interesse vun der Allgemengheet an déi vun de Proprietären a Promoteuren, déi Wunnraum wollte schafen, op een Nenner ze kréien.
D’Baugeneemegungen, déi de Buergermeeschter ginn huet fir individuell Bauten oder de Gemengerot, op Virschlag vum Schäfferot, wann et sech ëm Plans d’aménagement particuliers (PAP) gehandelt huet, hunn ëmmer d’Zil vun enger harmonescher Entwécklung an enger liichter Verdichtung, besonnesch op der Lëtzebuergerstrooss, verfollegt. Esou konnte Wunnenge gebaut ginn, déi haut bei eis, wéi am ganze Land feelen, an dat am Respekt vun de Bautereglementer, wéi mir se kennen.

D’Resultat kenne mir: Koplescht a Briddel sinn Uertschaften, an deenen d’Leit gäre wunnen, well et sech do gutt liewe léisst – emol ofgesi vum Autosverkéier.
Eng rezent Etüde iwwer de Verkéier gouf vum Ministère du Développement durable et des Infrastructures matfinanzéiert. Är Equipe wëllt déi Virschléi opgräifen, fir d’Liewensqualitéit ze verbesseren a fir nach méi Sécherheet fir d’Awunner a ganz besonnesch fir d’Schoulkanner um Schoulwee ze garantéieren. D’Mobilité douce ass d’Leitmotiv, ëmmer wann et realisabel an nëtzlech schéngt.

Deen een oder anere groussen urbanisteschen Entwécklungsprojet wäert déi nächst Gemengeréit beschäftegen. Si mussen dann entscheeden, ob eis Uertschaften sech – a wa jo, wéi séier – innerhalb vun de Perimetere vun haut – nach kënne vergréisseren.
Op verschiddene Plaze si grouss Verdichtunge geplangt an et muss tëscht dem Baue vun neie Wunnengen no bei der Stad an engem harmonesche Wuesse vun der Bevëlkerung entscheet ginn: wann d’Populatioun ze séier wiisst, riskéiert dat negativ Auswierkungen op d’Liewensqualitéit, op d‘Mobilitéit oder d’Gemengeninfrastrukture wéi Schoul, Maison relais, Crèchen asw.
D’Kandidate vun Är Equipe fänken net Hals iwwer Kapp oniwwerluechte Projeten un, déi de Risiko géife mat sech bréngen, d’Gläichgewiicht duerchenaner ze bréngen an d’Liewensqualitéit futti ze maachen.

Decreasing traffic and protecting our environment

 

Datt eis Gemeng no bei der Stad Lëtzebuerg leit ass sécher en Avantage, mä et bréngt och Nodeeler mat sech, an zwar virun allem e staarken Auto- a Camionsverkéier op der Nationale 12, deen eis Uertschafte praktesch an zwee Deeler schneid.
Un Iddie fir deem opzehëllefen huet et net gefeelt. E richtege Contournement vun der Gemeng war am Gespréich, genee wéi de Projet vun enger Tangente Ouest a vun engem Park and Ride, ier et vum Quatre-Vents erof op Koplescht geet oder eng Zone 30 op der N12 – leider sinn d’Initiativen, déi aus eiser Gemeng koumen, dacks vun der Regierung gebremst ginn, fir déi de Bau vun neie Stroossen net a Fro koum an déi op der Nationale 12 de Verkéier gäre méiglechst flësseg hält.
2016 hu sech vill Awunner un enger spezieller Etude bedeelegt: et koume bal 400 Äntwerten op de Questionnaire eran an a Workshoppe gouf vill Aarbecht geleescht. Et huet sech kloer gewisen, datt d’Leit gäre manner a gebremste Verkéier hätten, mä och direkt Busverbindunge mat Stroossen-Bartreng a mam Uelzechtdall. Leider hunn déi betraffe Ministèren a Verwaltungen déi Iddie kaum ënnerstëtzt.
Et ass och esou mat den Tankstellen, déi tëschent d‘Biergerkräiz an de Rond-Point solle verluecht ginn. Da wär den Zentrum vum Briddel mat manner Trafic ronderëm d’Tankstelle belaascht an et kéinten do Geschäfter geplangt ginn.

Et feelt Är Equipe also net un Iddien, déi mir verdeedege wäerten. A mir wäerten och déi aner, méi punktuell Iddien aus der Etude vun 2016/17 ëmsetzen, fir déi en Akkord tëscht Gemeng a Ministère fonnt gouf.
An de Wunnquartiere sollen 30 a 20 km Zonen ageriicht ginn, et solle Verkéiersluuchten op der Nationale 12 dobäikommen a Bus-Couloire sollen de
Bussen op strategesche Plaze Prioritéit am Verkéier ginn.
D’Netz vu Vëlospisten gëtt an den Uertschaften entwéckelt fir eis besser mam Mamerdall oder der Stad ze verbannen an de Schüler et méi einfach ze maachen, mam Vëlo an d’Schoul ze fueren.
Bei all deem soll eis Natur an Ëmwelt respektéiert ginn, déi eis esou léif ass an zum Charme vun eisen Uertschafte bäidréit.
D’Erausfuerderung besteet doran, datt mir d’Liewensqualitéit fir eis Awunner verbesseren a gläichzäiteg d’Natur an d’Biodiversitéit respektéieren.

Healthy financial situation
 

D’Finanzsituatioun vun eiser Gemeng ass gesond, och wa mir eng Gemeng sinn, déi nëmme bescheide Finanzen erakritt, well mir op eisem Gebitt keng Handels- oder Aktivitéitszonen hunn, déi anere Gemenge vill Recettë bréngen.
D’Gesetz iwwer d’Reform vun de Gemengefinanzen huet eis awer gehollef a mir soen dem Minister Merci fir de Plus u Recetten, dee Gemenge wéi Koplescht eng méi grouss Beweegungsfräiheet gëtt.
Um lokale Plang ass haut, duerch eis responsabel Finanzgestioun, d’Gemeng manner verschëlt, wéi nach ufanks vun dëser Legislaturperiod.
E puer Emprunte konnten 2014 souguer méi fréi zréckbezuelt ginn.
D’Gemeng kann an Zukunft weider déi néideg Emprunten ophuelen, fir d’Projeten ze realiséieren, déi an der Maach sinn, wéi de Bau vun enger technescher Hal, de kompletten Ëmbau vum ‘Wirtspesch’ a vun der ‘Aler Schoul’, an och, op méi laang Siicht, de Bau vun enger neier Maison relais, fir déi den Terrain scho kaaft gouf.

Wann also eis finanziell Situatioun confortabel ass, sou däerfe mir awer net vergiessen, datt eis Ausgabe méi séier wuesse wéi d’Recetten. Dat ass haaptsächlech op d’Maison relais zréckzeféieren an op Defiziter, déi fir d’Gemeng beim Beschafe vum Waasser a bei der Offallgestioun entstinn.
Dat ass de Grond, firwat de Schäfferot d’Taxë fir d’Waasser- an Ofwaasserversuergung a fir d’Gestioun vum Offall wëllt eropsetzen.
Datt esou eng Moossnam e puer Méint virun de Wahle getraff gëtt, beweist, datt de Schäfferot, wéi ëmmer, seng Verantwortung iwwerhëlt, wann d’Situatioun vun de Finanzen dat néideg mécht.
Wat d’Käschte fir d’Maison relais uginn, déi nach ëmmer klammen, muss een drop hiweisen, datt esou eng Institutioun, déi gutt funktionéiert, wichteg fir d’Kanner a fir d’Elteren ass. Är Equipe ass der Meenung, datt dat zu de Prioritéite gehéiert, an déi investéiert muss ginn.

Et gëtt awer sécher och Ausgaben, déi d’Gemeng den Notzer méi systematesch kéint verrechnen.
Déi Gemengeréit, déi am Oktober gewielt ginn, mussen och driwwer nodenken, wéi d’Subventioune vun der Gemeng gerecht ënner de Sportsveräiner an deenen anere sozio-kulturellen Organisatiounen verdeelt solle ginn. Den Akzent muss ëmmer op deenen Aktivitéite leien, déi hëllefen, déi Jonk ze forméieren, fir datt si sech z. B. net an aner Gemenge mussen deplacéieren, fir hire Fräizäitbeschäftegungen nozekommen, wéi Sport, Musek, Scouten a sou weider.

Wéi an der Vergaangenheet musse mir déi ëffentlech Finanze mat Realismus verwalten, an net a Projeten stiechen, déi eng kleng Gemeng sech net ka leeschten an déi vläicht schonn an den Nopesch-Uertschaften ugebuede ginn.
Déi gewielte Verantwortlech sollen an éischter Linn an déi wesentlech Déngschtleeschtunge vun der Gemeng investéieren, wéi d’Schoulwiesen, de Populatiounsbüro, d’Waasser- an Offallwiesen an den Ënnerhalt vun de Stroossen duerch eisen techneschen Déngscht. Dat geet dacks nëmmen, wa méi Leit agestallt ginn – och doriwwer muss nogeduecht ginn, awer ëmmer mat der néideger Virsiicht.

Mir hunn déi lescht Jore méi Leit fir de Biergerzenter agestallt. Et besteet keen Zweiwel dorunner, dat dat zousätzlech Käschte mat sech bruecht huet. Mä de Service fir d’Bierger ass besser, wéi nach virun 12 Joer.

A rich cultural diversity offer
 

E Kulturplang soll hëllefen, d’Projete vun de Kommissiounen a vun de Veräiner ze koordinéieren an ëmzesetzen.
Är Equipe vereinfacht d’Prozedure bei de Subventioune vun der Gemeng fir déi sozio-kulturell Veräiner, engersäits fir Funktionnementskäschten ze decken, anerersäits fir hir Aktivitéiten a Projeten z’ënnerstëtzen.
Projete vun de jonke Leit, nei interessant a kreativ Initiativen oder Projeten, bei deene Veräiner oder berodend Kommissiounen zesummeschaffen, si fir d’Gemengenautoritéite besonnesch wichteg.
D’Halschent vun eisen Awunner kommen aus europäesche Länner oder anere Géigenden an der Welt: kulturell Aktivitéite kënnen hëllefen, si z’integréieren. Dat wat eis lëtzebuergesch an net lëtzebuergesch Awunner bidden, mécht eis kulturell Offer méi räich a bréngt eis zesummen.
Är Equipe organiséiert méi Sproochecoursen – Course fir Ufänger am Lëtzebuergesche sinn eng Prioritéit, fir et den net Lëtzebuerger Matbierger méiglech ze maachen, aktiv um kulturellen a politesche Liewen deelzehuelen. E Sproochebistrot kéint zum Beispill eng Méiglechkeet sinn, Sproochen op eng ganz informell Manéier ze léieren.

D’Kulturhaus an d’Salle polyvalente ginn nei equipéiert, fir datt d’Veräiner an d’Kommissioune si besser notze kënnen.
D’Restauratioun vun der ‘Aler Schoul’ gëtt ugefaangen. En ‘Treff’ gëtt hei geplangt, wou kleng Gruppe vu Leit hir Reunioune kënnen organiséieren, besonnesch am Kader vun der Kulturaktioun.

A democratic, realistic and effective participation
 

Är Equipe ass der Meenung, datt berodend Kommissiounen néideg sinn, fir datt Demokratie um Gemengeplang gutt funktionnéiert. Op déi Manéier kënne Bierger deelhuelen, déi zwar net gewielt sinn, sech awer fir d‘Zesummeliewen engagéiere wëllen an dacks speziell Kompetenzen hunn.
Är Equipe bestëmmt séier déi berodend Kommissiounen, déi vum Gesetz virgesi sinn – d’Schoulkommissioun an d’Friemekommissioun (resp. d’Integratiounskommissioun) – an nennt do Leit, déi engagéiert a kompetent sinn.
Fir d’Efficacitéit an d’Wichtegkeet vun den Aarbechte sécher ze stellen, wëllt Är Equipe esouwuel d’Funktioune wéi och Zesummesetzung vun de Kommissiounen iwwerdenken. Dofir sollen nëmme relativ wéineg Kommissiounen agesat ginn. Hir Sekretäre ginn ënnert de Beamten oder Employéë vun der Gemeng erausgesicht an de Schäffen- oder Gemengerot soll d’Aarbechte vun der Kommissioun genee suivéieren an doriwwer beriichten.
Nieft de stännege Kommissioune sollen och ad hoc berodend Kommissounen agesat ginn, fir speziell Problemer an Dossieren z‘ënnersichen. Hir Avise ginn dem Schäffen- Gemengerot oder de permanente Kommissioune virgeluecht.

The children and adolescents at the core of our actions
 

Et ass d’Regierung, déi eigentlech fir d’Schoulorganisatioun zoustänneg ass.
An de leschte Joren huet d’Schoulkommissioun awer vill geschafft an op déi Manéier vill Knowhow kritt. Är Equipe wëll de Spillraum voll notzen, deen d’Gemeng huet, fir datt d‘Scolarisatioun an d’Erzéiung vun eise Kanner an och hir Fräizäit ënnert de beschte Konditioune geschéie kënnen.

Mir halen op eng gutt Kooperatioun vun den edukativen Institutiounen an der Gemeng. Mir ënnerstëtzen dobäi d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren an d’Elteren, deenen hir Kanner Schwieregkeeten beim Léieren hunn.
Doriwwer eraus maache mir alles, fir de Gemengeréit, dem Léierpersonal, den Educateuren an den Elteren et méiglech ze maachen, iwwer all d’Problemer zesummen ze schwätzen.
Op Basis vum ‘plan d’encadrement périscolaire’ a vun de Reglementatioune vun den Instanzen an dem Ministère, muss méi zesummen iwwer eng Partie konkret Problemer diskutéiert ginn, wéi z. B.:

  • D’Sécherheet an d’Equipementer vum Schoul Campus a vun den Espacen, déi zur Schoul gehéieren
  • D’Organisatioun an d’Horairë vun der Maison relais
  • Den Transport vun de Kanner aus der Gemeng
  • D’Aktivitéite vun der Maison des Jeunes
  • D’Organisatioun vu sozio-kulturellen Initiative fir eis Kanner a Jugendlech, déi d’Veräiner an déi berodend Kommissioune virschloen
The well-being of seniors
 

Och an eiser Gemeng geet den Duerchschnëttsalter vun der Bevëlkerung erop. Et gëtt bei eis eppes méi wéi 800 Senioren a Seniorinnen!
Et geet Är Equipe drëm, déi Leit gutt ze begleeden a Situatiounen ze vermeiden, wou si eleng an isoléiert wären.

Mir fuere viru mat deene Servicer, déi mir offréiere kënnen, fir datt déi Leit, déi dat wënschen, doheem kënne wunne bleiwen. Et ass awer genee esou wichteg, Strukturen anzeriichten, déi déi verschidde Besoine néideg maachen.
Är Equipe setzt sech fir déi pensionéiert Leit an, well mir sinn eis bewosst, datt d’Liewensqualitéit vun de Senioren an der Gemeng nach verbessert ka ginn.

Effective communication and information
 

Är Equipe wëllt d’Kommunikatioun an d’Informatioun tëscht de Servicer vun der Gemeng an den Awunner verbesseren:

  • Mir wëllen d’Gemengenzeitung ‘Kontakt‘ nach méi verständlech maachen an dorausser d’Spigelbild vum kulturellen a soziale Liewen, vun de Veräiner a vun de Kommissioune maachen
  • Méiglechst all déi nei sozial Netzwierker solle genotzt ginn
  • Mir testen e System vun enger Newsletter fir d’Awunner
  • Mir plangen all Trimester oder ad hoc Informatiounsversammlunge mat de Schäffen- oder Gemengeréit z‘organiséieren.