Är Equipe: Zënter méi wéi 40 Joer!

An der Gemeng Koplescht-Briddel gouf et bis 1999 de Majorz-System fir d’Gemengewahlen, Dëse System erlaabt nëmmen individuel Kandidaturen an d’Nimm vun de Kandidate stinn op engem eenzege Wahlziedel. Trotzdeem hu sech Kandidaten, déi sech fir déi selwecht Projete fir déi nächst 6 Joer agesat hunn an déi déi selwecht Usiichten haten dacks a Gruppementer zesummefonnt, deene se e bestëmmten Numm ginn hunn. Dëst war och de Fall an eiser Gemeng.

Är Equipe 1974

Fir d’Gemengewahle vun Oktober 1974 huet esou e Gruppement den Numm Är Equipe gewielt. E Flyer vun deemools weist d’Equipe ‘’en marche’’. Et erkënnt een (an der Mëtt, 2. Rei) de Jean Ewen, spéidere Buergermeeschter an de Marcel Thill (lescht Rei, riets), spéidere Gemengerot: hir Jonge si Kandidaten an Är Equipe vun haut.

Jean Ewen

Buergermeeschter

Är Equipe
vun 1981-1987

Guy Linster

Buergermeeschter

Är Equipe
vun 2005-2011

Romain Adam

Buergermeeschter

Är Equipe
vun 2011-2017