Eis DNA

Wat eis vun de klassesche politesch Parteien ënnerscheet!

Eis Gemeng, d’Uertschafte Koplescht a Briddel, ass d’Plaz, wou jidderee Solidaritéit erlieft, Frënn fënnt, opwiisst an an d’Schoul geet, Sport mécht, eng Famill grënnt, seng individuell Projeten huet, a wou een säin eegene Wee fënnt fir glécklech ze ginn.

Eis Gemeng ass eist « Doheem ». Mir all zesummen kënnen eist Doheem gestalten an op d’Zukunft virbereeden.

« Ä Equipe » ass e Grupp Fraen a Männer ouni national politesch Ambitiounen an ouni spezifeschen Parteizwang, awer mat enger grousser Experienz a vill verschiddenen Domainer: Gesondheet, Industrie, Kultur, Sport an a juristeschen an administrative Servicer. Fir d’Gemengewalen vum 11. Juni wëlle mir eis Visioun fir eis Gemeng mat Iech deelen.

  • eng effizient Verwaltung

  • transparent Entscheedungen duerch lieweg Biergerbedeelegung

  • nohalteg Infrastrukturen a kontrolléiert Ausgabe vun de Steiersuen

  • e liewenswäert Ëmfeld duerch:

      • eng modern Entwécklungvun eise Quartieren

      • eng reell geliefte Solidaritéit

Eis prioritär Projete fir déi nächst sechs Joer

Endlech en richtege Projet fir de Centre Wirtspesch zu Koplescht

Ee multifunktionelle Raum fir eis Gemeng ass Prioritéit, en absolutte “Must”! Ouni e richtege sozialen a kulturellen Zentrum gëtt et laangfristeg keen Associatiounsliewen méi an eiser Gemeng!

Eng modern technesch Hal ass d’Viraussetzung fir de Bierger Qualitéitsservicer ze bidden

Den technesche Service vun der Gemeng kann op verschiddene Plazen verspreet an der Gemeng an a Containeren net richteg funktionéieren. Fir de Bau vun enger technescher Hal muss séier eng raisonnabel an definitiv Decisioun geholl ginn, déi schonn zwee Joer op sech waarden léisst!

De Stroosseverkéier, deen eis Gemeng wuertwiertlech an zwee deelt

Mir drainéieren d’Majoritéit vum Autosfloss op engem groussen Deel vun der Nord-Zentralachs duerch eis Gemeng! Firwat ass eis Gemeng eng vun de wéinegen, wou kee vun engem Contournement wëllt eppes héieren? Är Equipe wäert déi zoustänneg national Autoritéiten stänneg an onermiddlech relancéieren, well mir net u bestëmmte politesche Considératiounen gebonnen sinn.

En neie Schoulcampus séchert d’Zukunft vun eise Kanner a verbessert d’Zesummeliewen

De Projet fir de Bau vun der neier Schoul entsprécht net deenen Ambitiounen, déi d’Gemeng sech wëllt ginn. Den aktuelle Projet fir de Bau/Renovéierung vun der Schou um Briddel muss am Detail iwwerschafft ginn, fir ze verhënneren, datt de geplangte Chantier de gudde Fonctionnement vum Schoulbetrib fir Joren stéiert.

Well mir wëllen eng Inclusiounspolitikmaachen, besonnesch um Niveau vun der Schoul, firwat net virum definitive Plan eng Partnerschaft mat den bestoeenden internationalen Strukturen op d’mannst um Niveau vun den éischte Klassen a Grondschoulen virgesinn?

De PAG (Plan d’Aménagement Général) vun eiser Gemeng: eng onendlech Geschicht

Elo wou d’Prozedur endlech lancéiert ass, wäert et drëms goen, op déi zukünfteg PAPen (Plan d’Aménagement Particulier) opzepassen, déi de PAG spezifizéieren an ausféieren.

Bei deene groussen Immobilieprojeten, déi risquéieren d’Bevëlkerungzuel vun eiser Gemeng däitlech ze erhéijen , muss d’Gemeng oppassen fir hir Interessen ze verdeedegen. Der Gemeng hir Terraine kéinten sënnvoll fir wirtschaftlech Aktivitéiten zougewisen ginn, déi en Akommes um Niveau vum Budget géife generéieren.

Am allgemengen suerge Sport, Kultur a Fräizäit fir en bessert Zesummeliewen an verlaangen en laangfristegen Aktiounsplang

E Kultur- a Sportaktiounsplang iwwer e puer Joer wäert zur Ëmsetzung vun der Renovatioun an/oder Bau vu Sport- a Kulturanlage bäidroen, souwéi d’Koordinatioun vun de Projete vun de Veräiner a Kommissiounen vereinfachen. Dës wäerte mat der Realisatioun vun dësem Aktiounsplang mat agebonne ginn.

Doriwwer eraus sin Liewensqualitéit an « d’Zesummenliewen » wichteg Wäerter déi fir Är Equipe garantéiert musse sinn

Wien Liewensqualitéit seet, seet och Senioren. Mir wëlle en lokalen an onkomplizéierten Service ubidden duerchzum Beispill den Ausbau vun eisem CIGL. Mir kennen eis virstellen, datt fir d’Senioren, behënnert oder krank Matbierger, déi op eng onkomplizéiert Manéier kleng Aarbechte gemaach kréien, dest sécherlech eng grouss Hëllef kéint sinn.

Dofir wëlle mir d’Liewensqualitéit duerch en multikulturellt an intergénerationellt Mateneen erméiglechen, an esou jidderengem e bessert soziaalt Liewen bidden.